Wëllkomm!

De Waassersënneswee ass e Besënnungswee laanscht d’Baach. E soll d’Waasser an senger elementarer Bedeitung an als existentielle Bestanddeel vun enger lieweger Natur däitlech maachen.
Mat sengen Themestatiounen bitt de Waassersënneswee deem den e besicht d’Méiglechkeet vun der Begéinung, vun der Besënnung a vum Austausch an sengem noe Liewensëmfeld.

Iddi

Duerch d’Fusioun vun de Gemengen Esch-Sauer, Heischent an Néngsen ass déi nei Gemeng Esch-Sauer an der Regioun vum Naturpark entstan. De Projet Waasserzeechen gouf vun der aler Gemeng Néngsen als Ofschloss a gläichzäiteg als Ufank vun der Fusiounsgemeng Esch-Sauer an d’Wee geleet.

No der Gestaltung vun engem Gemeinschaftsdësch an enger Skulptur zum Thema Waasser um Sentier Origer zu Ënsber, dest an aktiver Zesummenaarbecht mat de Bierger aus der Gemeng am Joer 2011, gouf als Ofschloss d‘Uleeë vun engem Waassersënneswee als zousätzleche Biergerbedeelegungsprojet am Kader vu LEADER virgeschlo.

Besicht och de Sentier Origer zu Ënsber

Impressiounen:

Informatiounen zum Wee

De Wee geet op der anerer Säit vun der Strooss fort. D‘Symbol vum Waassersënneswee leet Iech bis op d‘„Déck Lee“ an um selwechte Wee erëm zréck. Déi ganz Streck ass 2,8 km laang.
10 Besënnungspunkten mat gemittleche Sëtzplazen lueden Iech an, stall ze halen. Wéi laang Dir Iech um Wee ophalt, bestëmmt Ären eegene Rhythmus.

Eng Broschür mat e puer besënnleche Gedanken begleet Iech op Ärem Trëppeltour.
Mir hunn all Statiounen mat vill Freed, Aarbecht an Asaz fir Iech ageriicht.

  • Hannerloosst de Wee wann ech gelift sou propper wéi Dir e virfannt.
  • Dir gitt dëse Wee op eege Gefor, passt op Är Sécherheet op an op déi vun Äre Kanner.
  • Respektéiert d’Natur an haalt Ären Hond un der Léngt.
  • Feier am Bësch ass net erlaabt.

Kaarten

 

Gestaltung vum Wee

  • Aarbechtsgrupp mat Awunner aus der Gemeng Esch-Sauer, begleet a moderéiert vun der Madame Karin Böhme
  • Den technischen Service aus der Gemeng Esch-Sauer.
  • De Fierschter, den Här Jo Daleiden mat senger Equipe.
  • Den Här Pascal Mannes mat Schüler aus der Ackerbauschoul vun Ettelbréck

Partner

  • Europäesche Landwirtschaftfonds fir d’Entwécklung vum ländleche Raum: Hei investéiert Europa an déi ländlech Gebidder

De Projet « Waassersënneswee » gouf am Kader vum Programm fir d’Entwécklung vum Ländleche Raum PDR 2007-2013 kofinanzéiert. Konzepterstellung duerch d’LEADER-Initiativ; Emsëtzung als Moosnam vum Schwéierpunkt « Verbesserung vun der Liewenqualitéit am ländleche Raum.»